Och an de Schoulvakanze géing déi Moossnam net gëllen.

Wéinst der aktueller Situatioun gouf d'Tempo 90- Reegelung op der A1 an op der A6 ausser Kraaft gesat.

Op den Autobunne leeft jo eng Testphase mat eng Vitesse-Limitatioun vu 90 km/h wärend de Spëtzestonnen. D'Ziel ass et, den Trafic méi flësseg ze maachen.

Vu datt et den Ament wéineg Verkéier gëtt géing déi Dispositioun kee Sënn maachen, heescht et aus dem Mobilitéitsministère.

An de Schoulvakanze géing déi Moossnam iwwregens och net gëllen.