Och bei de Lëtzebuerger Garagisten dréien d'Zännrieder méi lues den Ament, et gëtt sech just ëm d'Urgencë gekëmmert.

D'Fedamo ënnerstëtzt zwar d'Krisemesuren, ma ganz laang géing de Secteur dat awer net packen, gëtt d'Autosfederatioun ze bedenken.

Déi grouss Fro wier déi, wéi et weider geet?, seet de Fedamo-President Philippe Mersch.

"Eis grouss Suerg ass den Timing vun de Confinement-Mesuren. Déi wiere sécherlech ze begréissen. Mä et bräicht een awer lo sou lues eng Visioun, wéi d'Sortie vun der Kris kéint sinn."

D'Vente wier zënter méi wéi zwou Wochen zou, Ausliwwerunge kéinten net gemaach ginn, vläicht 20% vun de Mataarbechter géingen nach reegelméisseg schaffen.  
Wéi villen aneren, géif et de Garagisten den Ament net gutt goen.

"All ze laang hale mer dat net duerch. Mir hu fix Fraisen, mir hu Stocken, mir hunn Echeancen op de Banken, Salairen ze bezuelen. Mir wäerte vun all de Mesurë musse Gebrauch maachen déi de Staat ubitt."

D'Efforte vum Staat ginn och vun der Fedamo begréisst.

De Service Après-Vente ass deelweis op, Urgence-Reparature gi gemaach, zum Beispill u Gefierer, déi bei der technescher Kontroll duerchgefall sinn. Normal Revisiounen oder de Wiessel vu Wanter- op Summerrieder, dat sinn Aarbechten déi awer musse reportéiert ginn.

D'Stocke mat de Stécker wieren den Ament geséchert, "allerdéngs ginn a vill europäesche Fabricke keng nei Autoe produzéiert ginn. Do dierfte geschwë Courriere bei d'Clienten erausgoen, datt d'Délaien net kënnen agehale ginn".

Wien dëser Deeg eng Urgence huet soll säi Garage kontaktéieren. Eng Lëscht vun de Garagë gëtt et och op fedamo.lu.