E Freideg um Hallefnuecht klëmmt de Maximalpräis vum Liter Diesel ëm 2,7 Cent op dann 0,862 Euro de Liter.

Och den Äerdgas gëtt eng Grëtz méi deier: Hei mécht d'Hausse 1,8 Cent aus op dann 0,603 Euro de Kilo.

Méi deier gëtt och de Masutt vun e Freideg Hallefnuecht un. Beim schwielfräie Masutt (10 ppm) ass et eng Hausse vun 2,4 Cent op dann 0,333 Euro de Liter, beim schwielaarmen (50 ppm) ass et eng Hausse vun 2,7 Cent op 0,334 Euro de Liter.