Wéinst Stroum-Problemer vun engem Catenaire zu Diddeleng fiert bis e Sonndeg de Moie keen Zuch tëscht Beetebuerg a Wolmerange-Les-Mines a béide Richtungen.

E Camionschauffer hätt sech un de Code de la Route net gehal, heescht et am Schreiwes vun der Bunn, ouni weider Detailer.

Et gëtt um Reseau geschafft an dat nach bis Mëtternuecht.

Bis e Sonndeg de Moie fueren Ersatzbusser tëscht Beetebuerg an Diddeleng, déi bleiwen bei all Arret stoen ausser Diddeleng-Zentrum.

Dat hunn d'CFL um Samschdeg am Nomëtteg matgedeelt.