No zwee Méint um Buedem ass et eng progressiv Reprise vun de Luxair-Flich.

Um Päischtweekend, also tëscht dem 29. an dem 31. Mee, fléien eng Partie Maschinne vun der Luxair vum Findel aus op Stockholm, Lissabon, Porto, Hamburg a München.

Den 20. Abrëll hat Luxair jo wësse gedoen, dass sämtlech Volle vun der nationaler Fluchgesellschaft bis den 29. Mee inclus ausgesat géinge bleiwen. Alleguerten d'Linne vum LuxairGroup waren dovu betraff, och déi vu LuxairTours.