De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Mëttwoch um Hallefnuecht ëm 3,6 Cent erop op dann 0,898 Euro de Liter.

Eng Hausse vun 2,6 Cent gëtt et beim Äerdgas op 0,629 Euro de Kilo.

Och de Masutt gëtt méi deier: De Liter schwiefelfräien (10 ppm) geet ëm 3,6 Cent an d'Luucht op 0,369 Euro de Liter.