De Maximalpräis fir de Liter 95er geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,9 Cent erop op dann 1,009 Euro de Liter.

Eng Hausse vun 3,5 Cent gëtt et beim 98er op 1,103 Euro de Liter.

Och de Masutt gëtt méi deier: De Liter schwiefelaarmen (50 ppm) geet ëm 4,1 Cent an d'Luucht op 0,375 Euro de Liter.

Dann ass et och nach d'Hausse vum Mélange 2-T, déi bei 3,5 Cent läit op elo dann 1,626 Euro de Liter.