D'CFL mellen, dass d'Linn 70 tëscht Rodange a Lonkech den Ament ënnerbrach ass.

Dat wéinst engem Pompjeesasaz an der Géigend vun de Schinnen. Géint hallwer 7 sollen d'Zich lues a lues erëm normal fueren. Bis dohi couvréiere Bussen deen Deel vun der Streck.

Méi Informatioune fënnt een um Site vun den CFL.