Et ass jo deen op der N11, tëscht dem Waldhaff a Gonnereng, deen déi lescht Méint iwwer schonns ausgibeg getest ginn ass.

A béide Richtungen, op knapp 4 Kilometer gëtt d'Vitesse kontrolléiert.

Erlaabt sinn an der Moyenne 90 Stonnekilometer fir Autoen a Motoen a 75 Stonnekilometer fir schwéier Gefierer. Vum 15. Juni u gëtt ee protokolléiert, wann een dës Moyenne iwwerschreit.

Den neie Radar-Trançon gëtt vu Schëlder annoncéiert.

D'Testphas ass dann elo eriwwer an et heescht oppassen. / © RTL-Archiv