De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 1,9 Cent erop op dann 0,955 Euro de Liter.

De Liter 95er geet ëm 2,4 Cent erop op dann 1,080 Euro de Liter. Eng Hausse vun 2,7 Cent gëtt et beim 98er op 1,164 Euro de Liter.

Beim Äerdgas klëmmt de Präis ëm 1,4 Cent op 0,669 Euro de Kilo.

Och de Masutt gëtt méi deier: De Liter schwiefelfräien (10 ppm) geet ëm 1,7 Cent an d'Luucht op 0,424 Euro de Liter.

Dann ass et och nach d'Hausse vum Mélange 2-T, déi bei 2,7 Cent läit op elo dann 1,687 Euro de Liter.