An der Suite vun der Corona-Pandemie hunn d'CFL hire Plang mat de Chantieren adaptéiert.

Am Juli gëtt op de Linnen 10, 30, 50 a 70 geschafft, sou datt do eenzel Deeler vun de Strecken zäitweis gespaart sinn.

Op der Linn 10 (Lëtzebuerg - Ëlwen - Gouvy) gëtt de Weekend vum 4. a 5. Juli a vum 11. bis de 26. Juli tëscht Ettelbréck an Ëlwen geschafft. Am gläichen Zäitraum ass dat och de Fall tëscht Ettelbréck an Dikrech.

D'Linn 30 (Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier) ass tëscht Éiter an Tréier d'Weekender vum 4. a 5. Juli an 11. an 12. Juli gespaart.

Op der Linn 50 (Lëtzebuerg - Klengbetten, Arel) gëtt vum 11. bis de 26. Juli a vum 31. Juli bis den 2. August tëscht Lëtzebuerg an Arel geschafft.

An op der Linn 70 (Lëtzebuerg - Péiteng - Rodange - Athus - Lonkesch) ass d'Streck tëscht Lëtzebuerg an Hollerech vum 31. Juli bis den 2. August gespaart.