Bis den 19. Juli leeft eng Aktioun vum Mouvement Ecologique, fir d'Vëlosinfrastrukturen zu Lëtzebuerg ze verbesseren.

Wärend der Corona-Kris hu vill Leit de Reiz vum Vëlo als Fortbeweegungsmëttel (nees) fir sech entdeckt. Deemno goufen an deem Kader d'Primmen op de Kaf vu Vëloen an d'Luucht gesat. Allerdéngs géingen d'Vëlosinfrastrukturen am Grand-Duché ze wënschen iwwreg loossen, betount de Mouveco.

Wéinst der Pandemie kann d'Evenement "Alles op de Vëlo" net wéi gewinnt organiséiert ginn. Dowéinst ginn d'Awunner animéiert, beim engem ganz spezielle Vëlosdag matzemaachen. Bis den 19. Juli kann een dem Mouvement Ecologique Erfarunge via Video oder Foto eraschécken, déi een als Cyclist zu Lëtzebuerg gemaach huet. Ob geféierlech Plazen oder ideal Vëlospisten: positiv an negativ Andréck sinn erwënscht. Dës ginn anonym verëffentlecht an u Gemengen, verantwortlech Plazen an d'Press weidergeleet, fir "Drock" ze maachen an esou d'Infrastrukture fir Cyclisten ze verbesseren.

Weider Informatioune fënnt een op der Websäit www.meco.lu.