Den 10. Juni huet d'Europäesch Agence fir Fluchsécherheet fir d'éischt Kéier a senger Geschicht e Fliger, dee voll elektresch ugedriwwe gëtt, zertifiéiert.

Eng éischt Muster-Zouloossung an domat e grousse Schratt fir d'Fliger-Industrie, virun allem wat d'CO2-Emissiounen ugeet. Dorëms handelt et sech ëm ee klenge Fliger, dee mat enger Batterie funktionéiert an dann nees geluede ka ginn. Den Ufank vun den E-Fligeren, deen eng nei a méi nohalteg Era alaut.

Op deen éischte Bléck gesäit en nach guer net esou schlecht aus, en 2-Sëtzer, dee vun der slowenescher Firma PIPISTREL produzéiert gouf an eng Héchstgeschwindegkeet vun 181 Kilometer an der Stonn op den Tacho bréngt. Wat direkt opfält ass, dass d'Motors-Geräischer dobäi aus bleiwen, et héiert ee keen Toun beim Fléien.

Eenzegen Nodeel, d'Batterie huet just Energie fir eng Stonn, dono ass de Spaass eriwwer an et heescht da lande fir ze lueden.

Et wier raisonnabel, heescht et, sech ze erwaarden, dass an 10 Joer d'Emissioune grad emol 0 Prozent wäerte sinn an datt Fligere bis zu 20 Persoune wäerte kënnen transportéieren, an dann dauert et net méi laang bis Fliger vu 40 Plaze gemaach ginn. Dat wier Géigend 2032-2035 heescht et.

Am Ament ass Slowenien de Maart-Leader an de Pionéier wat Elektro-Fligeren ugeet, do donieft ginn et eng ganz Partie Start-Ups, déi och zum Fortschrëtt bäidroen. Den Zertifikat, deen den neien E-Fliger krut, zertifiéiert dass all Sécherheetsmesuren déi een och bei enger anerer Maschinn fënnt, agehale goufen. Et kann een also deemnächst berouegt mat engem Batterie bedriwwene Fliger fléien.