Wann eng Stad ewéi Clierf vum Bus- a Camionstrafic entlaascht soll ginn, dann ass dat, fir den Awunner méi Liewensqualitéit zeréckzeginn.

E Contournement soll hei d'Léisung sinn. Ufank 2023 soll d'Transversale fäerdeg gebaut sinn. D'Bréck vum Viaduc Irbich ass 265 Meter laang an ass en Deel vun engem grousse Puzzle. Am Fréijoer 2016 hunn d'Aarbechte vun dëser Bréck ugefaangen. Op dëser Plaz ze bauen, wär alles ewéi net einfach gewiescht. Virun allem a Saache Stabilisatioun vun der Bréck.

De Viaduc Irbich ass 36 Meter héich. Nieft 2 Spuere fir déi motoriséiert Gefierer kënne spéider och Vëloen iwwer dës Bréck driwwer fueren. Ufank 2023 soll den neie Contournement bei Clierf fir de Verkéier opgoen.

Loftlinn e puer Honnert Meter vun dëser neier Bréck ewech schaffen ablécklech schwéier Gefierer.

Hei gëtt en neie Rond-point gebaut. Dëse soll spéider d'Uertschafte Reiler an Ischpelt matenee verbannen. 300 Dausend Kubikmeter Buedem mussen op dëser Plaz ofgedroe ginn.

Nom Congé collectif sollen d'Terrassementsaarbechten ofgeschloss sinn. Enn vun dësem Joer kéint de Rond-point fir den Trafic opgoen. Enn 2021 soll den éischten Deel vun der Transversale zu Clierf fäerdeg sinn.

Dëse Contournement ass wichteg fir déi ganz Regioun. 73 Milliounen Euro kascht um Enn d'Transversale vu Clierf.