Den Event "Alles op de Vëlo" vum Mouvement Ecologique gouf e Sonndeg, wéinst der sanitärer Kris, an enger neier Form ofgehalen.

D'Ëmweltorganisatioun huet d'Leit invitéiert, Fotoe vun hire Vëlosausflich eranzeschécken, déi dann um Internetsite vum Mouveco gedeelt goufen. Bis de Sonndeg den Owend 8 konnt een nach matmaachen, mir haten awer schonns éischter e Bilan gezu mam Cédric Metz vum Mouvement Ecologique.

Cédric Metz vum Mouvement Ecologique