Um Freide goufen d'Baatsche vum Chantier ewech geholl an et gesäit een d'Progrèsen un den Aarbechten. Fäerdeg ass een awer nach net.

Et gesäit aus, wéi wann et géif viru goen um Chantier op der Aler Bréck, och nach bekannt als Viaduc, offiziell dem Pont Passerelle.

Gelänner um Viaduc installéiert
D'Aarbechten un der Aler Bréck komme lues awer sécher virun.

Am November war d'Al Bréck, déi d'Uewerstad mat der Gare verbënnt, a béid Richtunge fir Busser opgaangen. Autoe kënne wéi virdru just an eng Richtung, vun der Gare Richtung Stad, iwwert d'Bréck fueren.

Den Trottoir ass awer nach ëmmer just op enger Säit op, op der Säit vum Gronn respektiv der Polvermillen. Déi aner Säit vun der Bréck gëtt den Trottoir méi breet gemaach, op 4,5 Meter, fir Plaz fir Foussgänger a Vëloen ze maachen. Fir den Ament mussen d'Cyclisten nach en Ëmwee iwwert d'Nei Bréck maachen oder de Vëlo iwwert den Trottoir drécken.

Eigentlech hätt d'Phas 1 vum Chantier, op der Säit vun der Péitruss, am Mee 2020 sollen ofgeschloss ginn, wéi et um Internetsite vun den Travaux publics heescht. Hei kann een de Progrès vum Chantier och iwwert eng Webcam suivéieren. An der 2. Phas soll da bis Enn 2020 d'Gelänner op der Säit Gronn/Polvermillen erneiert ginn.

Hei geet et drëm, et méi schwéier ze maachen, iwwert d'Gelänner ze kommen, fir Suiciden ze verhënneren. Dat hat d'Stad Lëtzebuerg 2016 decidéiert, nodeems eng Persoun sech op der Bréck d'Liewe geholl hat. Provisoresch waren iwwert dem Skatepark an der Spillplaz, déi wéinst dem Projet Renaturéierung vun der Péitruss elo net méi do ass, Chantiersgitteren installéiert.

Et kéim hei d'éischt eng provisoresch Installatioun, huet et am November bei der Reouverture vun der Bréck fir de Busverkéier geheescht. Et géif een Zesumme mat der Unesco no enger definitiver Léisung sichen.