
An der Suitte vum Ofgas-Skandal bei VW, huet den däitsche Konzern an den USA an de leschte 4 Joer ëmgerechent 8 Milliarden € un Dedommagementer bezuelt.
Dat huet d’US-Kontroll-Autoritéit FTC e Méindeg den Owend confirméiert.
Et wier de gréissten Entschiedegungsprogramm fir Konsumenten, deen et an den USA jee gouf.
An Däitschland befaasst sech de Bundesgeriichtshaff iwwerdeems um Dënschdeg op e Neits mat der Fro, op een als VW-Besëtzer Usproch op Schuedenseraz huet, och wann ee säin Auto eréischt kaf huet, nodeems d’Gefuddels mat den Diesel-Normen public ginn ass.
Am meeschte gelies