Ënner anerem gëtt an dëser Zäit op de Linnen 10, 50, 70 a 60/90 geschafft.

Op der Linn 10 (Lëtzebuerg-Ëlwen) gëtt tëscht Ettelbréck an Dikrech vum 22. August an dem 13. September geschafft. Da kënnt nach dobäi, datt den 12. an 13. respektiv den 19. an 20 September hei nach tëscht Ettelbréck an Ëlwen geschafft gëtt. Weider ass d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck tëscht dem 22. August an dem 11. September zou.

Op der Linn 50 ass d'Streck tëscht Lëtzebuerg an Arel op de Weekender vum 1. an 2. August, dem 8. an 9. August a de 26. a 27. September zou.

D'Linn 70 ass tëscht der Stad an Hollerech op de Weekender vum 1. an 2. August, dem 8. an 9. August a de 26. a 27. September zou. De Weekend vum 19. an 20 September ass dann d'Streck tëscht der Stad an Dippech gespaart.

D'Linn 60/90 ass d'Streck tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg op de Weekender vum 15. a 16., 22. an 23. August esou wéi vum 5. a 6., 12. an 13., 19. an 20. a 26. a 27. September gespaart.