Am Juli goufen zu Lëtzebuerg iwwer 5.500 Autoen ugemellt. Esou vill wéi nach ni virdrun am Mount Juli.

Dat geet aus den aktuelle Chiffere vum Statec iwwert d’Immatrikulatiounen hei am Land ervir. Wärend déi lescht 4 Joer déi meescht Gefierer an den éischte 6 Méint vum Joer ugemellt goufen, gesinn d’Chifferen dëst Joer komplett anescht aus.

Am Abrëll goufe just 1.200 Umeldungen. Wat net just de niddregste Chiffer dëst Joer, mee an iwwer 35 Joer ass. Zejoert zum Beispill goufen am Abrëll 5.700 Immatrikulatioune gezielt.

Vun de 5.509 Autoen déi leschte Mount ugemellt goufen, waren iwwer 45% Bensinner a ronn 38% Diesel-Gefierer. Et goufen awer och 230 Elektroautoen am Juli vun dësem Joer immatrikuléiert. Wat d’Autosmarke betrëfft, goufen am leschte Mount haaptsächlech Volkswagen, BMW an Audi-Gefierer ugemellt.