Zanter enger Woch ass Congé collectif am Bau. D'Chantiere sinn also zou. An der Haaptstad gëtt allerdéngs nach geschafft. Méi genee um Tramschantier.

Hei gouf et eng extra Derogatioun, fir wärend dem Congé trotzdeem kënne weiderzeschaffen. Bis bei den CFL-Parking leie mëttlerweil d'Schinnen. Nom Congé collectif d'lescht Joer gëtt och dëse Summer riicht duerch geschafft.

Um Chantier selwer geet et hier ewéi an engem Beiennascht. Iwwer 100 Mataarbechter vun de verschiddenste Secteure schaffen hei. Sou gëtt den Ament ënnert anerem de Pawee tëscht de Gleiser geluecht. Um Enn vun dësem Joer soll den Tram jo kënne vum Kierchbierg bis erof op d'Gare d'Passagéier transportéieren.

Den Trajet tëscht der Stäreplaz an der Gare ass 2,2 Kilometer laang. Dotëscht leie spéider 4 Arrêten. Ufank Oktober wëll de Mobilitéitsminister zesumme mam Stater Schäfferot de geneeën Datum festleeën, wéini d'Ligne am Dezember offiziell opgeet.

Eng 30 Dossiere vu Geschäftsleit traitéieren den Ament déi Responsabel vu Luxtram. Et geet jo hei em eng finanziell Entschiedegung wéinst den Aarbechten.

2021 sollen dann d'Aarbechte vum Tram Richtung Bouneweg ulafen.