Wou ee fréier huet missen op der Tankstatioun eran an de Buttek bezuele goen, kann een haut kamoud bei der Zapsail mat der Kaart bezuelen.

Ma datt do alt eng Kautioun gefrot gëtt, wëssen déi mannst.
Dem Fernand Conrardy ass et rezent sou gaangen, op senger Kaart gouf e relativ héije Montant blockéiert. De Concernéierten erkläert:

Et ass mir op mengem Handy opgefall, dass ech 125 Euro blockéiert hat, zesumme mat deenen 13 Euro vum Tanken. An dunn hunn ech zréck op d'Statioun telefonéiert. Ech war effektiv am Ufank der Meenung, et hätt een hiren Apparat gehackt, well 125 Euro ass net grad näischt. Si konnte mer dunn och keng Äntwert ginn, si géife sech dann ëm déi Saach këmmeren an dat nokucken. Ech sinn dunn heemgefuer. An dunn ass et mer nach eng Kéier passéiert an Holland, wou ech vollgetankt hunn. Do hunn ech och nach eng Kéier 125 Euro blockéiert kritt op mengem Kont."

Fernand Conrardy

Mir hu bei SIX Payment Services nogefrot, wat et domat op sech huet. D'Stefanie Hüls huet eis dës Explikatioune ginn:

Also, wat ee muss wëssen, wann der bei engem Automat tankt bei enger Tankstell, do si méi wei een Intervenanten. Dat sinn net nëmme mir als Acquereur, dat ass och de Producteur vum Automat, et ass Visa, Mastercard, et sinn d'Banken. A wat leeft do of? Am Fong ass dat esou, Dir maacht d'Kaart an den Automat an an deem Moment gëtt eng Preautorisatioun gemaach. Wat heescht dat? Dat ass wéi eng Kautioun, d'Leit kennen dat villäicht vun Hotel oder Reservatiounen oder vum Auto lounen, do gëtt am Fong am Ufank als éischt mol gepréift, ass déi Kaart valabel, ass se net geklaut an ass do genuch disponibel, fir dass herno kann eng finanziell Transaktioun gemaach gi vum Plein, well de Client getankt huet."

Stefanie Hüls

Si erkläert weider, dass dës Kautioun no spéitstens 30 Deeg verfält an de Client och net debitéiert gëtt.

Falls een an esou engem Fall ass an net weess, wat maachen, soll ee seng Bank kontaktéieren, fir dass d'Limite vun der Kaart erhéicht ka ginn, oder fir datt déi Preautorisatioun annuléiert ka ginn, sou nach déi Responsabel vu SIX.