Vu 14 däitsche Regionalfluchhäfe sinn der 7, déi net genuch benotzt ginn, sou eng Etüd vun Ëmweltschützer. De Verband vun de Fluchhäfen ass net averstanen.

D'Ënnerstëtzung vun de Fluchhäfen duerch Steiergelder wier an hiren Ae klimaschiedlech Geldverschwendung a géing déi "ganz Absurditéit vum Fléien" weisen, sou den Olaf Bandt, Chef vun der Ëmweltorganisatioun "BUND". Si hunn d'Regierung opgefuerdert, 7 Regionalfluchhäfen zouzemaachen.

Si beurteelen d'Notze vun engem Fluchhafen, andeems si analyséieren, wéi wichteg dëse wier fir d'Wirtschaft, d'Wichtegkeet fir Fluchverbindungen an de politeschen Zweck, souwéi d'Entwécklung vun der Unzuel u Passagéier fir Fluchhäfen, déi vun 200.000 bis 3 Millioune Passagéier am Joer hunn. D'Fluchhäfen, déi analyséiert goufen, si Bremen, Dresden, Dortmund, Erfurt-Weimar, Frankfurt-Hahn, Friedrichshafen, Karlsruhe/Baden-Baden, Kassel-Calden, Memmingen, Münster/Osnabrück, Niederrhein-Weeze, Paderborn/Lippstadt, Rostock-Laage a Saarbrécken.

Nëmmen 3 vun deenen hätten ee politeschen Zweck, déi aner wieren all fir Vakanzendestinatiounen. Ënnert deene 7 Fluchhäfen, déi fir d'Ëmweltschützer sollen zougemaach ginn, zielt ënnert anerem och Frankfurt-Hahn.

De Verband vun de Fluchhäfen ADV huet dem Ganze widdersprach. Si bräichten d'Steiergelder, fir d'Sécherheetsmoossname kënnen op europäeschem Niveau ze halen. De polyzentresche Fluchhafen-System géing déi federal Struktur vun Däitschland reflektéieren, mat staarke Metropolregiounen a Wirtschaftszentren, sou e Spriecher vum ADV. Si hunn och drop opmierksam gemaach, wéi wichteg déi regional Fluchhäfe fir de Frachtverkéier a fir Betriber wieren an dass doduerch vill méi Sue géingen erakommen, wéi a Steiere gehollef géing ginn.