Viru Woche gouf deen éischte vun den zwee Cargolux-Fluchsimulatore vum ale Gebai um Findel bei den neien Haaptsëtz op Sandweiler transportéiert.

Et handelt sech dobäi ëm e Simulator vum Jumbo-Jet Typ 747-8F aus dem Joer 2012. Wéinst dem schwéiere Gewiicht vu ronn 10 Tonnen an der Breet vum Simulator misst den Transport mat Hëllef vun engem Convoi exceptionnel an a Begleedung mat der Police duerchgefouert ginn.

Déi ganz Plënneraktioun gëtt schonn zanter iwwer engem Joer geplangt, fir datt de 15 Milliounen Euro deieren Trainingssimulator och ouni Problem op senger neier Plaz ukënnt. Virun zwou Wochen ass de Simulator ofgebaut ginn an dierft an ongeféier 2 Méint nees asazbereet sinn.

Soubal den éischte Simulator erëm opgeriicht gouf, gëtt dann och mam Ofbau vum zweete Simulator vum Typ 747-400F ugefaangen. Dëst ass souzesoen déi leschte grouss Hürd, déi nach bevirsteet, bis datt Cargolux erëm a vollem Ëmfang vun hirem neien Headquarter zu Sandweiler aus ka funktionéieren. Wéinst dem Manktem u Kapazitéit am ale Gebai misst en neie Standuert hier. Do wier dann och souguer nach Plaz fir en drëtte Simulator.