Bis 2030, also an 10 Joer, soll quasi de ganze Bus-Reseau hei am Land mat Elektresch fueren.

D'Häerzstéck vun där neier Mobilitéit wäert d'Batterie sinn. Bis dohi wäert d'Autonomie ouni Zweiwel nach evoluéieren. Den Ament ass d'Leeschtung awer nach limitéiert. An de Präis schléit och ferm op de Budget. Doriwwer eraus stelle sech Froe ronderëm d'Liewensdauer u sech, respektiv d'Liewe vun der Batterie, no der Zäit am Gefier selwer. Fakten, déi d'Busentreprisen beschäftegen, um Ament wou de Wiessel vum Diesel op d'Elektresch geplangt gëtt.  D'Batterien, meeschtens uewen um Daach, maache ronn 1/3 vum Uschafungspräis aus. Hir Capacitéit bestëmmt, wéi a wou d'Gefier agesat ka ginn. Louch d'Autonomie bei der éischter Generatioun u Gefierer nach knapps bei 150 Kilometer, sou fueren d'Elektrobusser vun der neister Generatioun, déi op Lëtzebuerger Stroossen, op reelle Strécken getest ginn, scho jee no Wiederkonditiounen mat 270 Kilometer.

An Dag fir Dag kommen net just Kilometer, ma och nei Erfarungswäerter bei. Den A an O ass, en Equiliber ze fannen: Tëscht der Leeschtung vun der Batterie, der Autonomie, gerechent a Kilometer, a wéi een d'Akkue luede soll.

"Elektromobilitéit bei de Bussen heescht an Zukunft eng Mëschung. Op Linnen, wou manner Kilometer gefuer ginn, kënnen d'Bussen iwwer Nuecht lueden. An zum Beispill der Stad Lëtzebuerg, do geet et vu fréi Moies bis spéit Owes, do kënnt een net laanscht d'Nolueden", sou de Georges Hilbert vu Sales-Lentz.

Fir nozelueden gi Power-Charger agesat, vun 300 Kilowatt, déi bannen 20 Minutten d'Batterien vun engem Elektrobus vun 20 op 100% lueden. An der Hal, iwwer Nuecht, dauert et 5 bis 6 Stonnen iert déi selwecht Charge erreecht ass. Ma egal wéi, fir d'éischt muss emol déi néideg Infrastruktur geschaf ginn. Investissementer a Milliounenhéicht.

Eng aner grouss Fro ass d'Liewensdauer vun de Batterien. Genee Erfarungswäerter ginn et nach keng hei am Land. Elektrobusser ginn eréischt zanter 3 Joer zu Lëtzebuerg agesat. Theoretesch sollen d'Batterien tëscht 6 an 10 Joer halen. Bei Sales-Lentz gëtt awer elo schonn iwwer en zweet Liewen no deem am Bus nogeduecht.

"Do hu mer e Projet am Lafen. Nach ganz am Ufank. Fir d'Batterië stationär ze notzen. D'Energie aus de Solar-Panneauen um Daach vun onsen Halen an déi stationär Energiepuffer ze lueden an nuets kënnen Elektrobussen domat nozelueden."

De Wiessel um Diesel op eng CO2-neutral Elektromobilitéit, wou niewebäi d'Gefierer och vill manner Kaméidi maachen, mécht se kloer net vun haut op muer. D'Organisatioun vun de Betriber muss ganz iwwerschafft ginn. An d'Käschte si bedeitend.

Hei de Reportage vum 26. August: Wéi verhale sech d'Elektrobusser?

Hei de Reportage vum 25. August iwwert den Ëmbau vum RGTR-Reseau

Bal all RGTR-Busse solle bis 2030 elektresch fueren
"De gratis ëffentlechen Transport ass d'Kiischt um Kuch. De Kuch muss nach gebak ginn." Sou d'Ausso vum Mobilitéits-Minister François Bausch viru 6 Méint.