D'Gemeng informéiert um Méinde Moien iwwert eng Rei Stroossen, déi wéinst Aarbechte gespaart ginn.

Op der Gare an der neier Avenue (Avenue de la Liberté) ass um Dënschden, 1. September, en Nuetsschantje vun 22h bis Hallefnuecht. Deen Ament ass d'nei Avenue tëschent der rue Jean Origer an der Glesener Strooss gespaart. Eng Deviatioun geet iwwert d'rue Jean Origer an d'Bouneweger Strooss.

© VdL

Zu Hollerech gëtt vum Mëttwoch, 2. September, bis den Donneschdeg, 3. September, um Belag an der route d'Esch, der Hollerecher Strooss an der neier route d'Esch geschafft. Dowéinst ass vun e Mëttwoch den Owend 21 Auer bis en Donneschden de Moie 5 Auer d'Route Esch vun der Autobunn a Richtung Gaasperecherbierg - Cloche d'Or komplett gespaart, sou wéi och a Richtung Uewerstad op der Héicht vun der Place Saints Pierre et Paul.

© VdL

D'Buslinn 24 a Richtung "Howald, Peternelchen" gëtt wéinst dem Chantier ëmgeleet a fiert den Arrêt "Assurances Sociales quai 1" an der rue de l'Aciérie am Plaz vum Arrêt "Assurances Sociales quai 3" an der Escher Strooss un. Et ass mat Retarden ze rechnen.

Tëschent dem Donneschdeg, 3. September, 7 Auer an dem Freideg, 4. September, 20 Auer, gëtt zu Gaasperech de Belag an der rue Caroline Baldauff-Rothermel, der Herbert Schaefer an der Benjamin Franklin frësch gemaach.

Deemno ass et wärend dem ganze Chantier verbueden duerch d'rue Caroline Baldauff-Rothermel, der Herbert Schaefer an der Marie de Zorn ze fueren. Vun en Donneschdeg 7 Auer bis e Freideg 12 Auer ass d'rue Christophe Colomb tëschent der rue Benjamin Franklin an der rue Aristide Briand fir den Traffik gespaart. An e Freideg vu 6 bis 12 Auer dierf een net duerch d'rue Benjamin Franklin tëschent der rue Georges Clemenceau an der rue Franz Liszt fueren.

Och den ëffentlechen Transport ass vum Chantier betraff: d'Arrêten "Clemenceau" a "Richard Wagner" vun de Linnen 2 an 23 gi wärend dem Chantier net ugefuer, bis e Freideg géint 18 Auer. Alternativ sollen d'Arrêten "Bei der Auer" a "Millewee" genotzt ginn.

Wéinst dem Tramschantier ass an der Uewerstad de Boulevard Royal tëschent der Avenue Emile Reuter an der Bréisseler Plaz vun e Freideg den Owend 20 Auer bis e Méindeg de Moie 5 Auer gespaart. D'Stad Lëtzebuerg recommandéiert den Awunner, déi hiren Auto brauchen, sech baussent der concernéierter Zone ze parken, well den Accès un d'Garagen net méiglech wäert sinn.

© VdL

D'Deviatioun geet zum Deel iwwert d'Autobunn an zum Deel iwwert d'Place Dargent, d'Millebacher Strooss, d'Rollingergronner Strooss, d'Stäreplaz an de Boulevard G-D Charlotte. Déi lokal Deviatioun geet iwwert d'Avenue Emile Reuter, d'Stäreplaz an de Boulevard G-D Charlotte.

De Chantier huet en Impakt op eng Rei Buslinnen:

- Den Arrêt "Hamilius quai 1" um Boulevard Royal gëtt op den Arrêt "Amélie" um Boulevard Prince Henri, um Eck mat der Avenue Amélie, geréckelt. Dovunner betraff sinn dës Linnen a Richtung Lampertsbierg, Kierchbierg, Eich oder Clausen: 1, 2/4, 3/30, 9, 10/11, 14, 16 an 18, sou wéi och d'RGTR-Linnen 120, 144, 172, 192, 194, 195, 740, 740, 800 an 810
- Den Arrêt "Hamilius quai 2/Royal quai 2" um Boulevard Royal gëtt gestrach an duerch 2 Arrêten ersat:

  • Fir d'Linnen 1, 2/4, 3/30, 9, 10/11, 14, 16 an 18, sou wéi fir d'RGTR-Linnen 120, 144, 172, 192, 194, 195 an 800 a Richtung Gare duerch e provisoreschen Arrêt op den Tramsschinnen um Boulevard Royal tëschent der Avenue Monterey an der Bréisseler Plaz
  • Fir d'Linnen 8 an 12 a Richtung Stäreplaz op e provisoreschen Arrêt an der Avenue Monterey, tëschent dem Boulevard Prince Henri an dem Arrêt "Monterey-Parc" vun den RGTR-Linnen

- Den Arrêt "Monterey quai 2" vun de Linne 5/6, 13, 15, 21, 22, 28 an 31 a Richtung vun de westleche Quartiere vun der Stad gëtt gestrach an duerch e provisoreschen Arrêt an der Avenue Monterey, tëschent dem Boulevard Prince Henri an dem Arrêt "Monterey-Parc" vun den RGTR-Linnen ersat.