Den Undeel vun Elektroautoen, déi nei kaf ginn, huet sech an der EU verdräifacht bannent 1 Joer. Dat mellt den Automobilverband Acea en Donneschdeg mat.

Am zweete Quartal ware 7,2 Prozent vun all den Autoen, déi an der EU nei kaf goufen, Elektroautoen. Dat Joer virdru waren et 2,4 Prozent.

Am Laf vun der Corona-Pandemie ass d'Zuel vun de Acquisitiounen allgemeng staark zeréckgaangen. Dës Entwécklung huet awer virun allem Diesel a Bensinner betraff, woubäi déi 2 nach ëmmer iwwert 80 Prozent vum Marché ausmaachen. Tëscht Abrëll a Juni ass de Verkaf vun Diesel a Bensinner ëm méi wéi 50 Prozent erofgaangen. D'Zuel vun de Ventë vun Elektroautoen huet sech an der selwechter Zäit awer méi wéi verduebelt.

Déi meeschtverkaaften alternativ Autoe bleiwen awer Hybrid-Elektroautoen, dat trotz engem liichte Réckgang. Den Undeel un hybrid Autoe läit am zweete Quartal mat 9,6 Prozent iwwert déi reng elektresch Autoen.