De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 2,5 Cent erof op dann 0,931 Euro de Liter.

Eng Baisse vun 1,7 Cent de Kilo gëtt et beim Äerdgas. Dee kascht dann nach 0,652 Euro de Kilo.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg: De Liter schwiefelaarmen (50 ppm) geet ëm 2,2 Cent erof op 0,391 Euro de Liter, de Liter schwiefelfräien (10 ppm) geet ëm 2,6 Cent erof op dann nach 0,397 Euro de Liter.