Am Däitschland war en Dënschdeg "Autosommet",eng Reunioun tëscht der Regierung an der Autosindustrie.

Decisiounen iwwer weider Hëllefe gouf et net. Fir de Moment mol keng Primm fir Autoe mat Verbrennungsmotor. Et ginn elo Aarbechtsgruppen agesat.

D'Autoindustrie steet ënner Drock wéinst strukturelle Problemer a well manner verkaf gëtt. D'Coronakris huet dat nach verschäerft.