E Samschdeg fält um Hallefnuecht de Maximalpräis vum Liter Diesel ëm 1,2 Cent op 0,919 Euro.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg: De Liter schwiefelaarmen (50 ppm) geet ëm 1,3 Cent erof op 0,378 Euro de Liter. Beim Liter schwiefelfräien (10 ppm) ass et eng Baisse vun 1,2 Cent op 0,385 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 0,9 Cent méi bëlleg. Dëse kascht elo 0,643 Euro de Kilo.