Zu Walfer geet den Trafic zanter leschte Freideg net méi iwwer, mee ënnert den Eisebunnsschinnen erduerch.

Un der Ënnerféierung gouf eng ganz Zäit laang gebaut, lo ass se fäerdeg. Grousst Op – Ootme beim Walfer Buergermeeschter, François Sauber.

Den Tunnel ass 25 Meter laang, 12 Meter breet a 7 Meter héich. Am Januar 2018 hunn déi éischt Aarbechten ugefaangen. Mat der Suppressioun vun der Barrière klemmt d'Liewensqualitéit vun de Walfer Awunner.

De ganze Projet kascht ronn 10 Milliounen Euro.

110 Barrièrë ginn et aktuell nach zu Lëtzebuerg. 2 bis 3 kënnen der pro Joer ewechgeholl ginn. Dëst sinn allerdéngs Aarbechten iwwer Joren.

Souwuel mam Vëlo ewéi ze Fouss kann een vun dëser Ënnerféierung profitéieren.