D'ekonomesch Konsequenze am état de crise hu sech op komplett verschidden Domänen ausgewierkt, dorënner och de Reseau vu Garagen an Autosdistributeuren.

Dës Händler reagéieren op hir Manéier a verlängeren d'Dauer vum Autofestival d'nächst Joer: dee Festival dauert dann zwou Wochen a leeft tëscht dem 25. Januar an dem 8. Februar 2021.

Den Autofestival soll also net vun der Corona-Kris impaktéiert ginn, dat huet de Comité vun der Fedamo decidéiert.

Mam verlängerte Festival wëllen d'Garagisten de Flux vun de potentielle Keefer an de Show-Rooms besser geréieren, heescht et.