D'Klima-Bündnis Lëtzebuerg huet e Projet lancéiert, fir Gemengen an Entreprisen eng méi nohalteg Alternativ zu Camionnetten, Auto a Scooter ze bidden.

De Projet "Cargobike" leeft schonn zanter e puer Méint. Verschidde Gemengen hate sech gemellt an duerften d’Cargobikes 3 Woche laang testen. Dobäi duerfte si sech eraussichen, wéi eng Zort Cargobike fir hire Besoin am prakteschsten ass. Et ginn nämlech ganz ënnerschiddlech  Modeller, sou de Paul Polfer: "Jo mir hunn haut hei eng ganz Gamme vu Cargoveloën ausgestallt. Dat geet vu wierklech dem Ries, mat enger riseger Box, wou ee scho relativ vill transportéiere kann, iwwert sou Mëttelmodeller bis zum klassesche Cargobike, genannt Long-John eigentlech, wou een éischter kleng Kommissioune kann transportéieren. Déi meescht hunn och e klengen Elektro-Moto, fir engem ze hëllefen, ze drécken."

Nieft dem ökologeschen Aspekt huet den Transportvëlo awer och aner Virdeeler, esou wier e besonnesch fir Ausliwwerungen an der Restauratioun praktesch. E kéint awer och déi kleng Camionnettë vun de Gemenge remplacéieren.

De Paul Polfer: "Et ass ee méi séier mam Vëlo, wéi mat der Camionnette, et brauch een net op de Parking ze lafen, et brauch een herno och kee Parking ze sichen. Et huet ee vill méi en direkte Wee tëschent zwee Punkten oft mam Vëlo, wéi en dat mam Auto oder mat der Camionnette huet."

Och d'Gemeng Déifferdeng huet 2 Cargobikes getest. De Feedback vun de Léit, déi do fueren duerften, ass gemëscht. D'Martin Kracheel: "Op der enger Säit gouf et Léit, déi hunn et appreciéiert, dass mir de Projet matmaachen. Si hunn och Liwwerunge mam Cargobike  ausprobéiert an hunn et ganz flott fonnt. Op der anerer Säit hu mir och e Feedback kritt, zum Beispill fir méi kleng Fraen ass et schwiereg, heiansdo esou Cargobikes ze manövréieren a mat deem Vëlo ënnerwee ze si bei eis. A mir hunn och Feedbacke kritt iwwert eis Vëlo-Infrastrukturen, déi net ëmmer ganz adaptéiert si fir esou grouss Vëloen."

Et wier een awer immens frou, um Projet deelgeholl ze hunn, an et war eng flott Experienz. D'Gemeng wier gewëllt, nach aner Cargobikes ze probéieren, fir och fir sech de perfekte Modell ze fannen.

Zil vun dëser Aktioun war et, d'Léit virwëtzeg ze maachen, dat ass dem Paul Polfer no och ganz gutt gelongen.