An enger "Limited Edition" gëtt d'Essen Motor Show dëst Joer organiséiert.

Ronn 300 Aussteller vu Sportautoen, Tuning & Lifestyle, Motorsport a Classic Car wäert een Enn November zu Essen untreffen. Wéinst dem Coronavirus huet een awer manner Aussteller kënnen alueden, wéi dat soss Joren de Fall ass.

Ma och fir d'Visiteuren heescht et "Ofstand halen a Masken un". Grad dowéinst sinn d'Ticketen och limitéiert a just online ze kréien, dat iwwert den Internetsite vun der Essen Motor Show. De Virverkaf start am Oktober an d'Kaarte si just fir deen Dag gëlteg, fir dee se kaf goufen. Maximal dierfen 9.000 Leit pro Dag d'Evenement besichen.

© Rainer Schimm / Messe Essen

D'Organisateure weise weider drop hin, datt sech d'Hygièneskonzept, wat fir d'EMS ausgeschafft gëtt, sech un den Oplage vu Nordrhein-Westfalen orientéiert, wat zu deem Ament en place gesat ass.