En Dënschdeg um Hallefnuecht klëmmt de Maximalpräis vum Liter 98er ëm 2,6 Cent op 1,169 Euro.

2,1 Cent geet de Präis vum 95er erop, deen dann 1,112 Euro de Liter kascht.

Och de Mélange 2-T klëmmt ëm 2,6 Cent op dann 1,692 Euro de Liter.

Beim Masutt ass et dann de schwiefelaarme 50ppm, deen 2 Cent méi deier gëtt an dann 0,398 Euro de Liter wäert kaschten.