Den US-Bundestaat wëll vun 2035 u just nach emissiounsfräi, nei Autoen erlaben.

A 15 Joer soll also kee klasseschen Auto méi dierfen a Kalifornien – deem US-Bundesstaat mat de meeschten Awunner – verkaf ginn.

Wéinst den uerge Bëschbränn un der amerikanescher Westküst ass de Klimaschutz hei an de Virdergrond geréckelt.

Nei Camionen a Kalifornien dierfe vu 2045 u kee Bensin- oder Dieselmotor méi hunn.