"Critical Mass" ass eng weltwäit Vëlo-Demo, bei där sech Cycliste treffen, fir eng Gläichberechtegung géintiwwer dem motoriséierte Verkéier anzefuerderen.

Eng 150 Leit si bei där Vëlo-Demonstratioun zu Esch Uelzecht matgefuer. Se hunn d'Vëlofueren promouvéiert an en Opruff fir besser a méi sécher Vëlosweeër gemaach. Organiséiert gouf d'Aktioun vun Center for Ecological Learning.

Eng 150 Leit hu bei der Vëlo-Demo matgemaach. D’Zil war et, ënnert anerem d’Vëlofueren als Transportmëttel nach besser ze promouvéieren a nach méi ze förderen. Donieft, hunn d’Leit eng besser Vëlosinfrastrukture am Süde vum Land ewéi zu Esch gefuerdert. Zum Beispill dat getrennte Vëlosweeër misste gebaut ginn.

Kritik gouf et och um ville Verkéier op den Haaptverkéiersachsen.Wärend der Aktioun gouf bei de Leit dann och den Opruff gemaach, fir geféierlech Plazen ze fotograféieren an se un de CELL ze schécken. Domadder wëll d’Associatioun ënnert anerem bei d’Escher Gemeng goen fir driwwer ze schwätzen a Léisungen auszeschaffen.

D’Zil ass et awer och, d’Vëlofueren méi sécher ze maachen. Dowéinst soll och Signalisatioun verbessert ginn. D’Leit, déi matgefuer sinn, wëllen an Zukunft virun allem méi Vëlosweeër zu Esch.

Bei der Verkéierssituatioun fir Vëlosfuerer zu Esch wier eben nach Loft no uewen, huet et weider geheescht.