Et war um Sonndeg definitiv kee Moto-Wieder. An trotzdeem wollt de Luxembourg Motocycle Club säin Charity Ride duerchzéien.

En Tour vun 141 km duerch d'Land fir de gudden Zweck. Den Erléis geet un d'ASBL Schrëtt fir Schrëtt, déi behënnert Kanner encadréiert.

Am Tütü mat Muppet-Helmer a Petzien geet et mam Luxembourg Motorcycle Club op den Tour mat Tëschestoppen zu Bungeref an Iechternach. En Tour an Häerzform. Et wëll een net just Sue sammelen, mee de Leit Freed och maachen an niewebäi den eegene Ruff verbesseren.

D'Associatioun bitt aktuell 18 Schüler mat enger Behënnerung déi sougenannt konduktiv Pedagogik nom Petö-System un. Eng ganzheetlech Approche, déi souwuel d’Motorik wéi déi kognitiv Fäegkeete fërdert.  Aplaz an déi regulär Schoul, kommen d’Kanner a Jonk vu Moies bis Nomëttes hei bei d’ASBL. Hei léiere si och liesen a schreiwen.

11 Persoune këmmere sech ëm déi 18 Schüler. Dorënner Kineen, Educateuren awer eben och spezialiséiert Petö-Therapeuten, sougenannt Konduktoren.

Zanter 25 Joer gëtt et Schrëtt fir Schrëtt. D’ASBL huet och eng Konventioun mam Staat, ma ganz duer geet dat net fir de Finanzement, woufir een och op Donen ugewisen ass.  
Géint 14.30 Auer koum den Charity Ride um Glacis un, wou d’Associatioun scho gewaart huet. 1.195€ hunn déi 25 Biker, déi matgefuer sinn, gespent. Schrëtt fir Schrëtt freet sech, fir hire Kanner mat dëse Suen e weidert Dräirad kënnen ze kafen.