Domadder hofft de Secteur weider, datt een de Retard duerch Corona bis Enn vum Joer kann opfänken.

Am Juli an am August wieren d'Zuelen nach schwaach gewiescht, schreift d'Autosfederatioun Fedamo an engem Communiqué, ma lo am September wier et awer eng däitlech Hausse ginn. 4.073 Gefierer hätten nei gro a giel Kaarte kritt. Dat ass e Plus vu méi ewéi 23 Prozent par Rapport zum September 2019.

Op d'Joer gesi gesäit d'Saach awer anescht aus. Et goufe bis Enn September gutt 34.000 Gefierer immatrikuléiert, ronn 20 Prozent manner, wéi fir de selwechten Zäitraum zejoert. Dës Aboussen hätten natierlech mam Lockdown ze dinn, schreift d'Associatioun.

Elektrogefierer maachen dëst Joer bis ewell iwwregens 4,3% vun den Neiumeldungen aus, Hybridautoe leie bei 12,2 Prozent. Et sinn dat Zuelen, déi zwar däitlech erop ginn, Bensins- an Dieselautoe maachen awer nach ëmmer déi grouss Majoritéit aus.