Bis Enn vum Joer kënnen d'Gemengen hir Projeten erareechen, fir d'nächst Joer vum 31. Juli bis den 29. August beim Projet matzemaachen.

40.000 Leit hunn dëse Summer vun de spezielle Vëlosstrecke profitéiert, e Bilan, mat deem den Transportminister François Bausch an den Tourismusminister Lex Delles sech e Mëttwoch de Moie bei enger Pressekonferenz ganz zefridde gewisen hunn.

Och d’nächst Joer sollen nees de Summer iwwer verschidde Stroosse ganz oder just Weekends fir de motoriséierten Trafic gespaart ginn, dat vum 31. Juli bis den 29. August. Bis Enn dës Joers hunn d’Gemengen Zäit, hir Projeten eranzereechen.

An Zukunft sollen d’Strecken nach besser beschëldert an och ofgeséchert ginn, eleng zu Dummeldeng haten iwwer 9.000 Chauffere sech net un de Code de la Route gehalen a sinn awer duerch déi fir de Vëlo gespaarte Strooss gefuer.