De Sven Clement huet sech an enger parlamentarescher Fro ëm Contact Tracing a Bus an Zich un d'Santés- an den Transportzminister geriicht.

Bis ewell gouf et kee Cluster am ëffentlechen Transport, dat äntweren d'Paulette Lenert an de François Bausch dem Piraten-Deputéierte Sven Clement op eng parlamentaresch Fro. Beim Contact Tracing géingen déi Infizéiert och gefrot ginn, wéi a wéini den ëffentlechen Transport benotzt gouf.

Eng Infektioun am Transport public kéint natierlech ni ausgeschloss ginn, schreiwen d'Ministeren, ma et wiere bis ewell keng gréisser Problemer ginn, déi wieren opgefall.