De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 1,6 Cent erop op dann 0,935 Euro de Liter.

Da geet den Äerdgas ëm 1,2 Cent an d'Luucht, op dann 0,655 Euro de Kilo.

Beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) ass et eng Hausse vun 1,8 Cent op 0,403 Euro de Liter.