Logement a Mobilitéit sinn déi 2 grouss Defien hei zu Lëtzebuerg. Am Transportministère gëtt grad un engem Verkéierskonzept fir déi nächst Jore geschafft.

Verkéierskonzept 2030 / De Reportage vum Dany Rasqué

Wéi sollen d'Stroossen an a ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, respektiv d'Achsen Haaptstad - Schëffleng - Esch - Belval entlaascht ginn?

"Datt mer ronderëm d'Stad Lëtzebuerg sou eng Aart "Couronne" hunn, wou mer Park&Riden drop hunn. Och wäit ausserhalb vun der Stad, wou mer déi vill Entwécklungsgebitter hunn, déi et um Rand vun der Stad gëtt, d'Cloche d'Or oder och nach anerer déi nei entstinn, wou mer déi kënnen optimal mat engem effikassen ëffentlechen Transport verbannen. An dann natierlech och fir d'Ballungsgebitt vun der Stad, vum Zentrum, mam Ballungsgebitt vum Süden ze verbannen", sou de François Bausch.

Um Dësch leien direkt e puer grouss Projeten, déi all zesummen en neit Verkéierskonzept erginn: Nei Boulevarden, nei Tramslinnen, nei Pôle d'Echangen. Investissementer fir dem Kollaps aus dem Wee ze goen, wou bannent den nächsten 10 Joer d'Noute missten a Musek ëmgesat ginn, sou de Minister. De Boulevard de Merl an de Cessange, vun der Areler Strooss, iwwer d'Lonkecher Strooss bis op d'Cloche d'Or sollen eng Aart Banne-Réng vun der Stad ginn, dat fir Auto an Tram, mat Park&Ride fir vum Auto op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen, wann een net direkt mam séieren Tram aus dem Süden, zum Beispill vun Esch an d'Haaptstad, bannen 25 Minutten kënnt.

"Et gëtt am Fong eng Aart RER-System, dee sech op de klasseschen Zuch grefféiert. Well dee System méi Urban ass", sou de Minister.

Just op déi Manéier kéint een e Problemer antizipéieren. Och an der Haaptstad gi Verkéierskniet nei gestallt. D'Stäreplaz oder och déi ganz Quartiere ronderëm d'Stater Gare, mat spéider dem Tram virun der Gare an de Bussen, respektiv dem "Kiss and Go" op Bouneweger Säit, mat neier Passerelle.

"D'Trennung tëscht den zwee Quartiere soll doduerch komplett opgehuewe ginn, datt d'Rocade de Bonnevoie op engem Deelstéck an de Buedem geluecht gëtt", sou de François Bausch.

Wichteg wier et hei d'Trennung tëscht Gare a Bouneweg opzehiewen an neit Liewen an d'Quartieren ze bréngen.