Wéi d’FEBIAC, de belsche Verband vum Automobilsecteur, um Méindeg matgedeelt huet, wäert et nächste Januar kee Bréisseler Autosalon ginn.

Wéinst der aktueller sanitärer Kriis wär et net méiglech, en Event vun där Envergure zouverlässeg z’organiséieren.

Déi 99. Editioun vum Salon war eigentlech vum 15. bis de 24. Januar 2021 virgesinn. Joer fir Joer pilgeren eng hallef Millioun Visiteuren an d’Foireshalen um Heysel.

Neie Rendez-vous ass vum 14.-23. Januar 2022.