Eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Cruchten an Di Bartolomeo haten op dës Situatioun opmierksam gemaach.

Déi al Tankstatioun op der Escher Autobunn an Direktioun Minett ass zanter Méint ofgerappt, d'Plaz fir eng nei Tankstell ass ewell fäerdeg amenagéiert, mä nach ëmmer steet kee Bau a keng Pompel.

Wéini dës nei Tankstatioun vum Exploitant Total a Betrib geholl gëtt, kann de Minister-Trio Bausch, Turmes a Gramegna och net soen. D'LSAP-Deputéiert Cruchten an Di Bartolomeo haten nogefrot.

Wéi et vun de Ministeren heescht, wieren déi eenzel Autorisatioune vum Concessionnaire ugefrot, mä léichen nach net fir. Wann dat bis de Fall ass, géif esou séier wéi méiglech ugefaange gi mat Bauen. Natierlech mussen awer och méiglech Recoursen ofgewaart ginn, sou datt dës Tankstatioun laanscht d'Escher Autobunn nach net haut oder muer dierft Sprit verkafen.