E Samschdeg gëtt d'Kräizung tëscht béide Stroosse komplett gespaart, dat vu Moies 7 bis Owes 20 Auer. Et gëtt en neien Tapis geluecht.

D'Deviatioun vu Käerjeng aus leeft iwwert de Rondpoint Haneboesch an d'Industriezon, iwwert d'Rue de Nidderkuer an d'Rue Pierre Gansen. Aus Déifferdeng leeft d'Deviatioun iwwert d'Nidderkuererstrooss, d'Rue Pierre Gansen an d'Industriezon. Vu Péiteng aus leeft d'Deviatioun iwwert d'Rue Prënzebierg an zeréck op Péiteng. All d'Detailer am Communiqué vun der Gemeng.