Zënter dem 27. Oktober sinn d'rout Luuchten op der Areler Autobunn Direktioun Stad operationell.

Si goufen op de Brëtelle vun den Echangeure Stroossen, Briddel, Mamer a Stengefort installéiert. Sënn an Zweck vun dëse Luuchten ass et, d'Zuel vu Gefierer ze regléieren, déi op d'Autobunn eropfueren.

De gréissten Deel vun der Zäit stinn d'Luuchten op Gréng. Virun allem moies wärend de Spëtzestonne spréngt d'Luucht méi dacks op Rout. Op der Autobunn an op der Bretelle sinn Capteure fixéiert. Dës Apparater moossen Densitéit vum Trafic. Schlussendlech geet et drëms, en onnëtze Stau op der Autobunn z'evitéieren.

© ponts et chaussées

Zënter 1 1/2 Joer gëtt un dësem neie System geschafft. Enn September goufen d'Luuchten op de 4 Opfaarte vun der Areler Autobunn installéiert. Mat dëser Autobunn - der A6 - gouf ugefaangen, well hei moies vill Stop and Go ass, et reegelméisseg zu Accidenter kënnt an den Trafic ganz zéi ass.

Erfarungswäerter iwwert dëse System konnt een am Ausland sammelen.

© ponts et chaussées

Zënter Juni 2019 gëtt d'Maximalvitess op der Areler an Tréierer Autobunn op 90 Kilometer/Stonn wärend de Spëtzestonnen erofgesat. De Luuchtesystem wär eng Ergänzung dozou.

Zil vun dësem Luuchtesystem ass et, d'Autobunn fléissend ze halen.