Um Donneschdeg géint 14 Auer gouf de Feieralarm op der Stater Gare ausgeléist. Wéi d'Prozeduren et virgesinn, gouf d'Gare evakuéiert.

Och d'Zich, déi op der Voie 3 ënnerwee waren, hu missten ugehale ginn. Beim Tëschefall gouf awer kee blesséiert. Vun den CFL heescht et awer, datt een domadder muss rechnen, datt et zu Verspéidungen oder esouguer Ausfäll vun Zich gëtt.

All d'Informatiounen iwwert d'Alternativen an d'Horairë vun den Zich fënnt een op der CFL-App oder op hirem Site.

Wéi d'Police matdeelt, hätten d'Pompjeeën e Feier bei enger Kellerfënster um Quai 1 lokaliséiert a geläscht. Do louch Dréck, dee wuel duerch eng Zigarett, déi ewechgehäit gouf, Feier gefaangen hat a lues verbrannt war. D'Police präziséiert, datt keng Persoun zu Schued koum an datt nom Asaz d'Gare nees opgoung.

De Communiqué

© RTL Mobile Reporter Yana Da Cruz

Cet après-midi vers 14h00, l’alarme incendie s’est déclenchée dans une partie de la Gare de Luxembourg. Comme le prévoient les procédures de sécurité des CFL, l'ensemble du bâtiment de la Gare a été évacué et la circulation des trains a été arrêtée sur la voie 3. Aucune personne n’a été blessée.

Des suppressions et des retards sont à prévoir sur le réseau ferré. Des analyses sont en cours afin de déterminer les causes du déclenchement de l’alarme.

Pour plus d’informations concernant les alternatives et horaires de circulation, les clients sont invités à consulter l’application CFL mobile ou le site www.cfl.lu.