Op der däitscher Tëlee war d'Aféierung vum ëffentlechen Transport hei am Land ee Sujet vun enger grousser Reportage um Mëttwoch den Owend.

Een Documentaire op SWR3 wollt erausfannen, wéi et dann elo steet mam Versuch, eng "Verkehrswende" erbäizeféieren.

D'Reportage suivéiert e puer Kandidaten, déi sech d'Alternativen zum Auto op d'mannst mol eng Kéier seriö wëllen ukucken.

Derbäi war och de gratis ëffentlechen Transport am Nopeschland Lëtzebuerg an deem seng ganz Aféierung e Sujet.