Ëm dës a weider Froe geet et am Buch "Clean Fuels" vum Lëtzebuerger Fuerscher Dokter Félix Urbain.

Firwat brauche mer an Zukunft Alternativen zu Pëtrol, Gas a Kuel? Wat kënnt no Diesel a Bensin? An op wéi eng Manéier beweege mer eis an Zukunft virun?

Clean Fuels / De Reportage vum Dany Rasqué

Zum Beispill ëm déi Froen geet et am Buch "Clean Fuels" vum Lëtzebuerger Fuerscher Dokter Félix Urbain.

D'Buch adresséiert sech u Jonker vu 14-15 Joer a probéiert op eng einfach Manéier en Abléck an d'Energiequelle vu muer ze ginn.

Den Dokter Félix Urbain ass Spezialist wat de Waasserstoff ugeet, et war him awer wichteg, datt och déi aner alternativ Energiequellen a sengem Buch net ze kuerz kommen, fir datt d'Schüler en Iwwerbléck kréien: "D'Buch huet e ganzheetlechen Usaz. Dat heescht net nëmmen de Waasserstoff, mä och d'Batterie, elektresch Undriff, Biokraaftstoff gëtt méi genau behandelt. Ech wollt einfach den aktuelle Wëssensstand, dee mer hunn an deen ech duerch meng eege Fuerschung matkrut, resuméieren."

De Félix Urbain ënnersträicht, datt et a sengem Buch net just ëm déi positiv Aspekter vun den erneierbaren Energie geet, mä datt hien och drop a geet wat nach feelt, fir datt ee vum volle Potential vun den erneierbar Energien ka profitéieren.
An da gëtt et ee klore Message: "Ee Fazit ass, datt et kee Gewënner-Brennstoff gëtt, mä datt mer all d'Ressourcen, déi mer zur Verfügung hunn, mussen effizient notzen, fir dat gemeinsaamt Ziel z'areechen. Dat gemeinsaamt Ziel ass bis 2050 an all Secteur Klimaneutral ze sinn."

Eng Alternativ mat är de Félix Urbain sech besonnesch gutt auskënnt ass de Waasserstoff. A sengen Aen ass dat de Brennstoff vun der Zukunft.

Am Autossecteur gëtt e scho benotzt, dat wier och e gudde Secteur fir e bekannt ze maachen, mä duerch déi héich Energiedicht vum Waasserstoff ass et eng Alternativ, déi de Lëtzebuerger Fuerscher éischter am Schwéiertransport gesäit: "Ech denken do un de Camionstransport, un den Zuchverkéier, un de Schëffsverkéier. Et gëtt souguer elo scho vu Fligere geschwat, déi vu Waasserstoff ugedriwwe ginn. Do gesinn ech de Waasserstoff elo méi als Zukunftsbrennstoff, wéi d'Batterie. Déi wäert sech an deene klenge bis mëttelgroussen Autoen duerchsetzen."

Fir de Félix Urbain ass de Waasserstoff iwwregens och net just e Brennstoff, deen sech am Transport duerchsetze kann, mä och zum Beispill och an der Stolproduktioun.