Wéi d'CFL e Mëttwoch de Moie matgedeelt hunn, kënnt et de ganzen Dag iwwer zu Ausfäll a Retarden op der Linn 60 tëscht der Stad a Rodange.

Wéinst teschnesche Grënn op der Héicht vun Näerzeng gëtt et aktuell Problemer op der Zuchlinn 60 tëscht der Stad a Rodange an dat a béide Richtungen.

Wéi d'CFL an engem Schreiwes matgedeelt hunn, kënnt et de ganzen Dag iwwer zu Verspéidungen an Ausfäll.

Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun den CFL.